D'Braddelstonn

  • Äert Kand huet Schwieregkeeten am franséischen ?
  • An der Schoul deet et sech schwéier franséisch ze léieren ?
  • Dir wëllt em den Ëmgang mat der franséischer Sprooch erliichteren ?


Da bréngt eis et laanscht. Während 1 Stonn léiere mir spilleresch franséisch schwätzen. 

Mir këmmeren eis ëm d’Ponyen an d’Ieselen. Mir gi mat hine spadséieren oder maache Spiller mat hinen a léieren esou, vill nei franséisch Wieder aus eisem direkten Ëmfeld. 

Et gi flott Geschichten erzielt, virgelies a Lidder gesongen. 

Bei all Seance komme nei Wieder béi a mir festegen déi, déi mir scho geléiert hunn. An dat mat vill Freed a Spaass.


Fir dat d'Braddelstonn dem Kand och wirkleg ëppes bréngt, rode mir op manst 1 Trimester lang regelmësseg all 2 Wochen an d'Séancen ze kommen.


Kleng Gruppen vu maximal 4 Kanner.


Fir ween? Kanner tëscht 4 an 10 Joer ouni Elteren

Weini? op Ufro

Wat kascht et? 56.65 € TTC / Kand



Commentaires